Schalt Spëtzeleeschtung a Confort fräi!

D'Roll vun LAKE Schong a menge Servicer:

Ech hu laang gezéckt, ier ech och Schong nieft Sëtzpositiounsoptiméierung ugebueden hunn. Ech hu gemengt datt meng Clienten net nach zousätzlech nieft dem Fitting wéilten investéieren. Déi zuelräich Feedbacken a positiven Erfarungen, déi ech zënter datt ech mat Lake-Schong schaffen, gesammelt hunn, weise mir datt et e Feeler war esou laang ze waarden.

Am Vëlo sinn et schlussendlech eis Féiss déi eis no vir propulséieren. Dëst gëllt och fir vill Sportaarten, awer wat anescht ass beim Vëlofueren anescht ass, ass datt de Belaaschtungsmuster bei all Drock op d’Pedall identesch ass. A wann d’Schnëttstell Fouss-Pedall net optimal ass, sinn d’Konsequenzen a Bezuch op Leeschtung an Haltung ze spieren: Mangel u Confort, Péng, Kompensatiounen, Mikrotrauma, Ineffikassitéit, asw …

Säitdeem ech méi Opmierksamkeet de Féiss vu menge Cycliste schenken, sinn ech iwwerrascht iwwer d’Zuel vun Inkompatibilitéiten tëscht hire Féiss an der Wiel vun hire Schong. Ech wollt déi Aschränkung vu menger Aarbecht net méi akzeptéieren an hu mech op d’Sich gemaach no engem Partner, deen ech a Lake konnt fannen.

Entdeckt d'Modeller:

Wann Dir Iech wëllt berode loosse fir de Model ze fannen dee bei Är Féiss passt, kënne mir gären e Rendezvous ausmaachen, fir datt ech mir Zäit fir Iech a Är Féiss kann huelen. Dësen Service ass gratis an onverbindlech. Well et der Wäert ass. Wann Dir e Model wëllt kafen deen ech op Lager hunn, recommandéieren ech Iech mat Ärem Vëlo ze kommen. Ech stellen d’Kalle léiwer an an iwwerpréiwen am léifsten dynamesch op déi Astellung passt.

Wann Dir d’Kiischt um Kuch wéilt, empfeelen ech Einlagen op Mooss. Custom Pro Einlage kaschten 159 € an déi méi steif Variant, Custom Pro Ultra, kaschten 209€ wann se an enger isoléierter Sëtzung op der Plaz gemaach ginn. Alternativ kaschten se am Kader vun engem Fitting oder gläichzäiteg beim Kaf vun engem Puer Schong 106 € respektiv 159 €. Klickt op d'Bild fir méi iwwer d'Wichtegkeet vu personaliséierten Einlagen ze liesen.