Sportlechen a professionelle Background a wat mech dozou beweegt huet Bike-Fitter ze ginn.

Stroossefuerer, Mountain- a Gravelbiker. Zënter datt mäi Grousspapp mech am Alter vun zéng Joer mir de Vëlossport virgestallt huet, huet meng Leidenschaft ni gelidden, trotz e puer ongewollten Ënnerbriechungen. No e puer Accidenter, déi hir Zeeche bei mir hannerlooss hunn, hunn ech meng Sëtzpositioun missen upassen an hunn ugefaangen déi Cyclisten, mat deenen ech gefuer sinn, méi genau ze beobachten. Ech war iwwerrascht festzestellen, wéi vill Cyclisten e Vëlo oder eng Sëtzpositioun hunn, déi net passe kënnen. Ech konnt mir gutt virstellen, firwat se net bequem fuere konnten a war dat fir negativ Auswierkungen op hier Gesondheet konnt hunn.

Als Vëlosfuerer a Sportskinesitherapeut hat ech vill Cyclisten a Behandlung a war oft frustréiert duerch de Mangel u Resultater vun der Méi, déi ech mir ëmmer ginn hunn, méiglecherweis wéinst dee “missing link”. Wien hëlt scho säi Vëlo mat bei säin Dokter oder Therapeut?

Patrick Guillaume - Bike Fitter

Professionelle Background:

Mäi Parcours als Bike-Fitter

Fir menge Client’en dee beschtméigleche Service ze bidden, sinn ech méi op der Sich no neiem Wëssen an neie Kontakter wéi no der aktuellster Technologie déi an d’Ae stécht.

Ech gleewen un dat, wat ech et maachen a well ech mech dofir asetzen, datt streng Krittären erfëllt musse gi fir sech kënnen als Bike-Fitter ze bezeechnen, sinn ech Member vun der IBFI, als regionale Vertrieder fir Lëtzebuerg, Belsch a Frankräich.